home *** CD-ROM | disk | FTP | other *** search
- $VER: "AFD-COPYRIGHT.lu"(TM) Luxembourgish Version 1.4 (27.02.00)
-
- __ __ *====================================* __ __
- / // / * Standard Amiga FD-Software * / // /
- / // / * Copyright Note (TM) * / // /
- / // / *====================================* / // /
- __ __ / // / * * __ __ / // /
- \ \\ \/ // / * Version 1.4 - Letzebuergësch * \ \\ \/ // /
- \ \\/ // / * 27-Oct-1999 * \ \\/ // /
- \ / // / * * \ / // /
- """ "" *====================================* """ ""
-
- 0. ALEEDUNG
- ===========
-
- Wann's Du e Benotzer bass, hoffen ëch daß Du des Standard Copyright Notiz
- fir frei kopéierbar Amiga® Software gutt fens, déi's Du nëmmen eng Kéier
- ze liesen brauchs, amplaatz vun individuellen Notizen. Ët get Versiounen
- vun dësem Dokument an aneren Sprochen um Aminet®, mam Numm:
-
- /pub/aminet/docs/misc/AFD-Files1-xx.lha (xx = Nummer vu Sprochen).
-
- Wanns Du en Software-Programméirer bass an wanns Du dëst Dokument an Dengem
- eegenen FD-Paket verwenden wëlls, dann lies et fiir d'éischt opmierksam
- duerch, insbesonders den 5. Kapitel "INFORMATIONEN FIR PROGRAMMÉIRER".
- Merci fir Dein Support.
-
-
- 1. COPYRIGHT
- ============
-
- a. D'Urheberrecht vun deser Software leit bei sengen Programméirer. Dëst
- héescht, daß ët Dir NET ERLAABT ass den Programm an d'Dokumentation an
- irgend engem Wée ze modifizéieren. Fiirun allem DUERFST DU NËT d'
- Dokumentation oder dësen Text wäschlooßen.
-
- b. Ët ass NËT erlaabt dës Software, oder en Déel fun hiir fiir irjend
- een aneren Zweck ze benotzen, wéi deen, deen an der Dokumentation
- uginn ass, dëst emschléißt och eventuell Schrëften, Biller oder
- Samplen. Wann d'Programméirer KEEN Source-Code zu den Programm(en)
- an deser Distribution beigeluegt hun, ass et Dir NËT erlaabt irgend
- een Deel derfun ze dékompiléieren.
-
-
- 2. DISTRIBUTION
- ===============
-
- Dës Distribution ass frei kopéierbar. Daat héescht daß et Dir erlaabt
- ass dës Destribution frei ze kopéieren, esou laang wéi's Du déi folgend
- Punkten respektéiers:
-
- a. All Re-Distribution muß alleguer d'Dateien an desem Archiv emschléissen,
- inklusiv dëser "AFD-COPYRIGHT" Datei, ouni irgendeng Modifizéierungen.
- Ët ass NËT erlaabt desem Archiv irgend eng Dateien beizefügen.
-
- b. Dës Distribution kann frei kopéiert gin durch BBSen, Internet/UseNet,
- Software-Libraries, wéi d'Fred-Fish an d'Aminet® CD-ROMen, an aner
- ähnlëch elektronësch Wéer.
-
- c. Disketten-Zeitungen an Servicen, déi extra fir Datei-Transferen
- chargéieren, duerfen se NËT ouni schrëftlëch Erlaabnis vun den
- Programméirer distributéieren!
-
-
- 3. DISCLAIMER
- =============
-
- Duerch d'Benotzen vun desem Produkt akzeptéierst Du déi VOLL Responsabilitéit
- fir jiddfer Schued oder Verloscht, déens duerch d'Benotzen oder d'Onfähëg-
- kéet vum Benotzen vun dësem Produkt entsteeht. Den Programméirer vun dëser
- Software an den Autheur oder Iwwersetzer vun dëser "Copyright Notiz" kann
- NËT haftbar geméet gin.
-
- WICHTËG: Den Autheur an den Iwwersetzer vun dëser "Copyright Notiz" gin
- KENG Garantie fir d'Qualitéit an de Wert vun IRGENDENGEM Produkt,
- daat dëser Notiz ënnerstaalt ass!!!
-
- Verschidden Nimm, déi an dësem Text benotzt gin, sinn Markenzeechen oder
- registréiert Markenzeechen. D'Benotzen vun dësen Nimm implizeiert nët,
- daß sie frei sinn.
-
-
- 4. "RETURN SERVICE"
- ===================
-
- "Frei kopéierbar" héescht nëmmen daß Du nët bezuelen muss fir d'Kopéieren
- oder d'Redistributéieren vun dëser Software. Du hues d'Erlaabniss fiir
- dëst Produkt fiir 30 Deeg ze testen. Wanns Du ët gutt fënns an wanns Du
- décidéiers fir dëst Produkt regelméißëg ze benotzen, dann wëllen déi
- méescht Programméirer ëppes fir hiir Efforen.
-
- D'Dokumentatoun vun dëser Software enthält eng Klassifizéierung vun den
- folgenden:
-
- a. Freeware - Ët ass erlaabt dës Software GRATIS ze benotzen.
-
- b. Mailware - Du muß dem Programméirer ee MESSAGE schëcken (per Email
- oder Snailmail).
-
- c. Cardware - Du muß dem Programméirer eng POSTKAARD schëcken.
-
- d. Donationware - Du muß enger Organisation eng SPEND maachen, wéi an
- der Dokumentation vun dësem Produkt beschriwwen.
-
- g. Giftware - Du bass gefuerdert dem Programméirer ee GESCHENK zoukommen
- ze loossen, zum Beispill:
-
- - eppes Séisses oder
- - eng Packung Disketten oder
- - eng Kopie vun engem selwer-geschriwwenen Programm oder
- - bëssen Suen oder
- - en Amiga 5000 PowerTower ;-)
-
- s. Shareware - Du muss dem Programméirer déi Somm SUEN schecken, déi
- hien an der Dokumentation verlaangt.
-
-
- 5. INFORMATIONEN FIR PROGRAMMÉIRER
- ==================================
-
- D'Konzept vun enger "Standard-Lizenz" wéi dëss huet verschiiden Fiirdéeler:
-
- - Du als Programméirer muß nët iwwert dësen Copyright-Sch... nodenken.
- - Den Benotzer vun dengem Produkt muß se nëmmen eng Kéier liesen, wann
- hien dëst fiirdrunner nach nët geméet hun.
- - Dësen Dokument ass a verschiddenen Sproochen um Aminet® erhältlëch.
- Sou kanns Du sëcher sinn daß alleguer d'Benotzer en mindestens eng
- Kéier duerchgelies hun an daß Sie en verstaan hun.
-
- Wanns Du dësen "AFD-COPYRIGHT"(TM) mat Denger eegener Amiga® FD-Software
- Distribution verwenden wëlls, muß Du déi folgend Regelen befollëgen:
-
- a. Lies dest ganzt Dokument opmierksam duerch an sief sëcher, daß Du mat dem
- ganzen Text OUNI AUSNAHM d'accord bass.
-
- (Wanns Du net d'accord mat ëm bass, benotz en nët! Ët ass Der erlaabt fir
- Déeler vun ëm ze kopéieren, mée WANN's de dëst mëchs, dann DUERFST Du NËT
- d'Nimm "AFD-COPYRIGHT"(TM) an "Standard Amiga FD-Software Copyright
- Note"(TM) benotzen.)
-
- b. Sief sëcher daß Du een vun den folgenden Default-Tools an den .info-files,
- déis'Du distribuéiers benotz:
-
- - fiir ASCII Texter: More
- - fiir AmigaGuide® Dokumenter: AmigaGuide
- - fiir AmigaOS Skripten: IconX
- - fiir ARexx Skripten: RX
- - fiir Konfiguratiounsdateien: Ed
- - fiir Installer-Skripten: Installer
- - fiir IFF-ILBM Biller: Display
-
- (D'Iddi fir dës Regel ass inspiréiert vum Osma "Tau" Ahvenlampi, Finnland.
- Sie ass hei fiir e Standard ze setzen. Wann irgendeen dës Toolen nët
- benotzen wëll, muss hien/hatt nëmmen ee Link per Fichierstyp ze maachen!)
-
- c. Incluéier e Paragraph wéi de folgenden am Handbuch vun Dengem Produkt:
-
- ------8<-----------------------------------------------------------------------
- Des Software ennerleit der "Standard Amiga FD-Software Copyright Note".
- Sie ass <Typ_vun_Software>, wéi définéiert am Paragraph 4<x>. [...]
- Fiir méi Informatiounen liest w.e.g. "AFD-COPYRIGHT" (Version 1.4 oder besser).
- ------8<-----------------------------------------------------------------------
-
- Beispill:
-
- Des Software ennerleit der "Standard Amiga FD-Software Copyright Note".
- Sie ass SHAREWARE, wéi définéiert am Paragraph 4s.
- Wann der se gutt fant an se régelméisseg benotzt, scheckt $15 un ...
- Fiir méi Informatiounen liest w.e.g. "AFD-COPYRIGHT" (Version 1.4 oder besser).
-
- d. Du muss dësen Fichier mam Numm "AFD-COPYRIGHT"(TM) (englesch) incluéieren.
- W.e.g. füg nët méi wéi zwou Iwwersetzungen vun dësem Fichier bei denger
- Distribution bei. Sou gët sie nët ze grouss.
-
-
- 6. AUTHEUREN
- ============
-
- "AFD-COPYRIGHT"(TM) gouff geschriwwen vum Dietmar Knoll. Ët ennerleit selwer
- dëser Copyright-Notiz (© 10.12.1994, 27.02.1995).
-
- Wanns Du Kommentairen, Tippen oder Froën hues, oder Suggestiounen fiir déi
- nächst Version, schreiw w.e.g. un eng vun de folgenden Addressen:
-
- Dietmar Knoll InterNet-Email: To: dknoll@myokay.net
- Iltisweg 6 Subject: AFD
- D-37081 Göttingen
- GERMANY/EUROPE AFD-Homepage: http://AFD.home.pages.de/
-
- D'Iwwersetzer vun dësem Dokument an hiir Addressen ginn an den entspriechenden
- Fichieren genannt. D'Iwwersetzungen sin © vun den Iwwersetzer.
-
- D'Iwwersetzung vun dësem Fichier ass ©15.01.1996, 27.02.2000 Christian Kemp an
- ennerleit dëser Copyright-Notiz. Sie gouff erstallt op speziellen Wonsch vum
- Dietmar Knoll, hien huet nët nogelooss, bis ëch se geschriwwen hun.
- Dësen Text respektéiert absolut keng letzebuergësch Grammatik-Regel, bei
- Mëssverständnisser bieden ëch Iech den engleschen Original ze liesen.
-
- Christian Kemp InterNet-Email: ckemp@village.uunet.lu
- 52, BD Patton
- L-2316 Luxembourg WWW-homepage: http://www.ckemp.com/
-